Videoiwwerwaachung

Iwwerwaachungssystemer vun High-Tech Imp-Ex bidden Iech:

>Megapixelkamerae fir all Beräich (Dag an Nuecht; bannen an baussen)

>Ophuelgerät (NVR) zur Sécherung vun Äre Biller

>D‘Biller si vum PC, Smartphone, Tablet oder lokal iwwer Bildschierm ofrufbar

Biller soe méi wéi 1000 Wierder.

High-Tech Imp-Ex installéiert a mécht den Entretien vun professionellen Iwwerwaachungssystemer fir privat Notzung a fir d‘Industrie.

Dobäi gëtt Wäert op d’Sécherheet an den Dateschutz op der enger Säit an op héich Bildqualitéit op der anerer Säit geluecht.

Den Asaz vun Ophuelgeräter bitt am Verglach zu enger hierkëmmlecher, duerch SD-Kaarte gesécherter Videoiwwerwaachung divers sécherheetsrelevant a qualitativ Virdeeler duerch déi dës Geräter an onsen Ae fir eng professionell Videoiwwerwaachung onverzichtbar sinn.

AWACS® Alarmsystemer

High-Tech Imp-Ex bitt Iech:

>kabellos a kabelgebonnen Alarmsystemer

>eng eenzegaarteg a komplett Produktpalette (Bewegungsmelder, Magnéitkontakter, Gasmelder, Feiermelder, Sirenen, Perimeter-Infraroutmelder)

D’Alarmanlage si fräi moduléierbar a kënnen individuell un all spezifesche Wonsch vum Client ugepasst ginn. D’Zentral ass dobäi d’Häerzstéck vun all Alarmanlag.

Fënsteren an Diere gi mat Magnéitkontakter ofgeséchert. Et mécht trotzdeem Sënn op strategesch ausgewielte Plazen am Haus zousätzlech Bewegungsmelder z’installéieren. Dës Geräter detektéieren och déi klengste Verännerungen am Raum.

Feier-esouwéi Gasmeldere kënnen zousätzlech an Ärem Alarmsystem integréiert ginn.

All dëst erméiglecht Iech am Fall vun engem Abroch, engem Feier oder engem Gasleck vun Ärer Alarmanlag iwwer Handy benoriichtegt ze ginn oder lokal en akustescht Alarmsignal duerch eng Siren auszeléisen.